Als Gesondheets- a klinesch Psychologin bidden ech psychologesch Berodung a Betreiung fir Erwuessener un.Vertraulechtkeet ass heibäi jidderzäit eent  iewescht deontologescht Gebot.

Zäitweileg perséinlech Schwieregkeeten, déi mat menger professioneller Hëllefan an Zesummenaarbecht mat dem Patient, erfollegräich behandelt kënne ginn, sinn

  • Depressiounen
  • Angscht
  • Panikattacken
  • Chronesch Stresszoustänn
  • Burnout
  • Trauma
  • Somatiséierung
  • Chronesch Péng

fir nëmmen e puer opzezielen. Mee och méi komplex Beschwéierden kënnen duerchaus wierksam korrigéiert ginn.

Ech lauschteren den Patienten opmierksam no, ënnersiche mat hinnen déi eenzel Elementer vun hirer individueller Problematik, erklären hinnen – hirer spezifescher Frostellung an hirer Perséinlechkeet ugepassten – wëssenschaftlech Behandlungsmethoden, a begleede si– mat Hëllef vun der zesummen gewielter Virgoensweis – an hirem Bestriewen hier aktuell Liewensphase ze meeschteren an hier Vitalitéit, ënner Ausgeglachenheet a Gesondheet erëmzefannen. 

Aspekter vun der

  • Kognitiver Verhalenstherapie (KVT) [des Therapieform erméiglecht dem Patient sech individuell Methoden ze erschaffen, fir belaaschtend Gedanken a Gefiller, net ugepassten Astellungen a wéineg zielféierend Verhalensmuster ze korrigéieren, a schlussendlech déi bestoend Problemer ze bewältegen],
  • Thérapie cognitive processuelle;(TCP) [des Therapieform erméiglecht dem Patient seng individuell negativ Iwwerzeegungen oder Schemaen ze beschaffen, fir belaaschtend Gedanken a Gefiller, net ugepassten Astellungen a wéineg zielféierend Verhalensmuster ze korrigéieren, a schlussendlech déi bestoend Problemer ze bewältegen],
  • Akzeptanz a Commitment Therapie (ACT) [dat ass eng rezent Therapieform déi Opmierksamkeet, Zoustëmmung, perséinlech Wäerter an aktiv Verhalensännerung kombinéiert, an doduerch eng erhéichten mental Upassungsfäegkeet mat sech bréngt]. an der 
  • Hypnose [d’Ziel ass hei dem Patient d'Méiglechkeet ze ginn, an engem Zoustand vun déiwer ënnerer Entspanung, seng Astellungen a Bewäertungen esou ze veränneren, dass hien a bestëmmten Situatiounen säin perséinlecht Empfannen a Verhalen sënnvoll gestalte kann],

fléissen an d’Behandlung mat an. Si erlaben dem Patient ob seng eegen Ressourcen zréckzegräifen, se ze aktivéieren, a säi Wuelbefannen erëmzefannen.

Effizient Techniken, déi ech – ob Wonsch – a meng Berodungabezéienkann, sinn:

  • Autohypnose, an
  • progressiv Muskelrelaxatioun 

Heibei léiert de Patient Kierperentspanung bewosst auszeléisen an doduerch onerfreelech Symptomer vu geeschteger a kierperlecher Onrou staark ze reduzéieren.

Eng Spriechstonn dauert 50 Minutten. D’Zuel vun den noutwendegen Berodungen hänkt of vun der ze bewältegender Problematik a vun der Motivatioun vum Client fir eng Ännerung erbäi ze féieren.

Iwwerhuele vun de Kaschten duerch d’CNS

D’CNS iwwerhëlt 70 % vun de Kaschten fir Erwuessener a 100 % fir Versécherten ënner 18 Joer.

Déi éischt dräi psychotherapeutesch Sëtzungen (SP01) kënnen ouni virdru medezinesch Veruerdnung stattfannen. Fir d’Rembourséierung duerch d’CNS muss awer bannent 90 Deeg no der éischter Sëtzung eng medezinesch Veruerdnung ausgestallt ginn.

Vun de Sëtzungen SP02 a SP03 un muss d’medezinesch Veruerdnung virum Ufank vun de betreffende Sëtzungen ausgestallt sinn.