“All that we are is the result of what we have thought. The mind is everything. What we think we become.”

Hindu Prince Gautama Siddharta, the founder of Buddhism

 

Aarbechtssproochen: 

Lëtzebuergesch (Mammesprooch), Däitsch, Franséisch, Englesch 

Klientel: 

Erwuessener

Stresszoustänn déi entstinn, sief et duerch belaaschtend alldeeglech Beschäftegungen oder Responsabilitéiten (z.B. Aarbecht, Virgesetzten, Famill a Kanner...), oder duerch Ëmstänn déi deen Eenzelnen nëmmen schwéier akzeptéiere kann, hunn dacks psychologesch Auswierkungen, wéi depressiv Zoustänn, Angscht, Panikattacken, mental Middegkeet, Burnout... Et ass wëssenschaftlech bewisen datt och eise Kierper op Stress äntwert, an zwar mat psychophysiologeschen Reaktiounen wéi z.B. kardiovaskulär Problemer, Stéierungen vum Hormonhaushalt oder dem Immunsystem, psychosomatesch Symptomer…

An deem Kontext louch mäin Haaptinteressi als Fuerscherin an der Psychobiologie / Psychophysiologie an als Psychologin ëmmer op dëser Kierper-Geescht Verbindung. Ech sinn faszinéiert vun der Aart a Weis wéi eis Gefiller, Emotiounen, a Gedanken eisen kierperlechen Funktionnement beaflossen kënnen – an ëmgedréint. Et ass gewoust datt d’Interaktioun tëschent eisem Geescht an eisem Kierper souwuel positiv wéi negativ Auswierkungen huet. Optimistesch Gedanken oder Erwaardungen z.B. kënnen nëtzlech an erliichternd Effekter bewierken, wougéint Angschtzoustänn eisen Alldag oft onerdréiglech maachen. D’Resultater aus menger Fuerschung iwwert den Afloss vun psychologeschen Aspekter op d‘Péng-Sensibilitéit ginn e weideren Beweis vun dem Zesummespill vun Geescht a Kierper (Detailer ënnert ‘Meng Publikatiounen‘).

Meng Aarbecht als Psychologin berout op mengem staarken Interessen fir den Mënsch, der beschriwwener Kierper-Geescht Verbindung an där hirem Afloss op eis Gesondheet an ënner Ausgeglachenheet. Medizinesch ongekläert Péngsymptomer, psychosomatesch Beschwéierden, depressive Gefiller an Angschtzoustänn, mental Middegkeet, a Burnout sinn e puer vun den Aspekter vun menger professioneller Offer.

Meng Empathie a meng berufflech Erfahrung, souwéi - a virun allem - meng 12-järeg Ausbildung, meng Fuerschung an meng Kenntnis vun den aktuellen wëssenschaftlechen Aarbechten, a meng psychotherapeutesch Formatioun an der Akzeptanz- an Commitmenttherapie (ACT), an der Kognitiver Verhalenstherapie (KVT), an der Hypnotherapie, souwéi an der Progressiver Muskelrelaxatioun, fléissen a meng psychologesch Berodung mat an, a sinn Deel vu menger Begleedung vum Client a sengem Versuch seng schwiereg Liewensphase ze meeschteren an seng Gesondheet an ënner Ausgeglachenheet erëmzefannen.